Commons:Sprooch

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search
Ambox outdated serious.svgProposed update: see Commons:Language policy and its talk page (November 5, 2009).
/please translate this notice/


Eng aktuell Diskussioun zur Sprooch fënnt grad hei statt. Bedeelegt ierch !


WikiCommons soll a ville Sprooche benotzt kënne ginn, waat doropper erausleeft, datt mer en eenheetleche Consensus fanne mussen, wéi een dann elo konkret mat de verschiddene Sproochen ëmgoë soll, a waat alles a wéienger Sprooch soll hei stoen.

Generell[edit]

Numm vum Fichier[edit]

W.e.g. kuckt ierch dozou folgend Diskussioun un.

Numm vum Artikel[edit]

W.e.g. kuckt ierch dozou folgend Diskussioun un.

Glossaire

  • Haaptartikel: den Artikel wou een all Material zum Thema fënnt.
  • Redirect: vun engem anersproochegen Artikel op den Haaptartikel redirigéieren.
  • Homonymie: Eng Säit wou Artikelen opgelëscht sinn, déi soss all deselwechte Numm gehaat hätten.

D'Sprooch fir den Haaptartikel muss nach definéiert ginn (kuckt dozou och den aktuelle Stand vun de Propositiounen an der Tabell méi ënnen), mee soubaal e Consensus fonnt ginn ass, gëlle folgend Regelen :

  • Interwikis zu de verschiddene Wikipediaë solle wann nëmme méiglech an den Artikel agebonne ginn.
  • Jiddferee ka Redirects vu sengem Artikel op den Haaptartikel setzen.
  • Jiddferee kann Homonymie-Säiten opsetzen, fir datt et net zu Verwiesslungen tëscht de Sprooche kënnt (als Beispill: journal - eng Zeitung oder en Tagebuch ?)

Resumé vun de Propositiounen[edit]

Kuckt och d'Diskussiounssäit fir Propositiounen a Froen déi nach ze beäntwerte sinn.

Dir kënnt esou vill wéi méiglech aner Beispiller hei nach bäisetzen
Sujet Policy Beispill
Déiere, Planzen laténgesche Numm Vulpes vulpes, an net "Roude Fuuss"
Musek, Konscht Original Die Zauberflöte, net "D'Zauberflûte"
Persounen Original Jeanne d'Arc, net "Joan of Arc"¹
Plazen Original Breizh oder Bretagne, net Britanny
Kulinaresch Spezialitéiten Original Cassoulet, Rösti
aner fräigestallt

¹ Wann der keng laténgesch Schrëft benotzt, sou wéi Kyrillesch, setzt esou vill Redirect wéi Iech afalen. Als Beispill: Fyodor Dostoyevsky sollt op Фёдор Михайлович Достоевский weidergeleed ginn.